CaraPio as d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër.

D´CaraPio treffe sech eemol d´Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Et gëtt ganz vill Wäert drop geluecht dass se matbestëmmen kënnen, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten.Dofir ass hirt Engagement gefuerdert.

Wat mir erliewen?

Mir fänken e neit Joër mat der d´Montée un, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin.

Mir machen am Joër och Weekender zesummen. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as.

Wisou daat?

•            Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen

•            Knëppe vun internationale Frëndschaften

•            Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen

•            am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen

•            d´Natur a sénge Verschiddenheeten erliewen

 

Versammlung: Donnëschdes vun 19:00 – 21:00

am Scoutshome zu Duelem