Hoppla, hei ass d’Sait vun den Albatrossen !

Albatrosse, a waat ass daat daat dann? Si mir elo am Zoo?

Ma nee, bei den Duelemer Guiden a Scouten hu mir och Albatrossen ouni Fiederen! Waat daat ass ? Ma da kuck:
Laut LGS-Verband:“
„Albatrossen
D ‘Albatrossen sinn Erwuessener vu 23 bis 100 Joër.
Hir Ziler sinn déi nämlecht wéi déi vum ganze Verband. Mee eleng durch den Alter ergi sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.
D’Albatrossen ass eng “Branche” fir all Scouten déi aus den Raro erauswuessen, déi als But huet dass d’Leit dem Grupp weiderhin noo stin, wa se am Berufsliewe oder Familljeliewe stin. De Numm vun der Branche, „Albatross“ ënnersträicht, dass dës Scouten manner un Zäiten an Regele gebonne sinn.
Eist Zielpublikum fir d’Albatrossen steet am Liewen dran, souguer evt. schons an senger heftegster Zeit (Studium-endspurt, Arbecht sichen/fannen, Beruf/karrière-start, Betrieb iwerhuelen, Famillgrënnung, Hausbau, Kanner…). Sie sinn op ville Fronten engagéiert a gefuerdert a stinn a ville Spannungsfelder. Mir wëllen hinnen e Forum bidden, wou si:
Och alt emol nach heiandsdo dierfe Kand sinn ouni op Prestige oder Karrière mussen ze kucken,
Frëndschaft a Gesellegkeet kënnen erliewen am Vertrauen drop, mat Leit zesummenzekommen, mat deene sie schons muenescht Pond Salz giess hun a wou sie sech ugehollt däerfe spieren,
Eppes kënnen ze erliewen, dat an eiser Welt ëmmer méih rar gëtt, nämlech ROMANTIK. Gemengt ass hei dat Gefill vu Freiheet, vu Verbonnenheet mat aneren am Dingscht vun eppes Groussem a Schéinen, dat nebulöst Gefill vu Geheimnis an Abenteuer, vun Austrieden aus den Alldagspied, dat an eiser Welt déi duerch an duerch reglementéiert ass, ëmmer méih verluer geet, an dat dach awer dem mënschleche Liewen Farf an Goût gëtt.
D’Aktivitéiten vun den Albatrossen sollen sech dann tëschend dësen 2 Polen (Gesellegkeet – -Romantik) ofspillen. Mat zum Beispill:
Scoutsaktivitéiten (1-2 mol am Joer), Wanderen, Velostour, en Hike (Zu Fouss, Velo, Kanu, Autosrally, mam Zuch) vun 2 Deeg / 2 Nuechten.
Eng gemeinsam BA:
Gesellegkeetsaktiounen all 3 Méint spéitstens eng:
• Keelespillen
• Kino / Konzert / Sportevent (Football
• Fest (zB Oktoberfest) Hei oder zu München
• Gemeinsam Filmowender
• Eng gemeinsam Raclette am Home
• Lagerfeierowend
• gemeinsamen Pélérinage
• Un der Scoutskirmes mathëllefen (ouni eegen Spiller oder Aktiounen, mais an der Logistik an am Ooflaaf vum Fest hëllefen, wéi d’Amicale).
Souweit d’Theorie. D’Praxis geseit esou aus:
Den 19ten November 2011 hun sech déi éischt Kéier verdingschtvoll „Veteranen“ aus eisen éischten 18 Joer als Albatrosse am Home getraff. De Steve Watgen an de Carlo Kaufmann haten sech als Koordinateuren uginn, fir d’Albatrossen ze begleeden. Zanter hier hu mir eng ganz Reih Aktivitéiten an Initiativen op d’Been gestallt. Kennzeechenend fir eis ass: „Kee Stress, keen Drock, Alles kann, naischt muss“.
Eis Aktivitéiten bis elo:
• Mir hun bei bis elo 7 Hochzeiten vun eise Frënn d’Leit mat Scoutstypeschen Hochzeitsspiller bespaast an de Bändchen gehalen
• Mir hun vun Zeit zu Zeit (déi läscht Zeit manner ) eise „ Bar des anciens“ wou mir bei engem gudde Maufel a Patt schnëssen a Gesellschaftsspiller machen,
• Mir hu schon zesummen eng Drëpp (Quidden) gebrannt.
• Mir ginn eemol d’Joer zesummen Keelespillen
• Mir waren zesummen d’Déckkäpp lauschteren
• Mir haten en eegenen Stäerzelenowend am Home wou mir dëss tradionell lëtzebuerger Spezialitéit nobruecht kruten,
• Een vun eisen anciens combattants, deen et zum 1ten diploméierten Edelbrandsommelier vu Letzebuerg bruecht huet , huet am Januar 2017 an dëser Eigenaart e kommentéierten Edelbrandtasting fir eise Grupp am Home ofgehalen.
• Mir bedreiwen zanter 8 Joer déi schon traditionel international Albatrosse-Summerraclette op der Scoutsbühn, ëmmer Dënschdes owends virun der Scoutskirmes,
• Mir sin zesummen Krëschtmärt besichen gang ( Saarbrécken, Lëtzebuerg)
• Zanter 2012 si mir, mat wiesselnden Begleeder um Wee fir de Rosch Manuel op Santiago de Compostella ze begleeden.
Wanns Du e fréiere Scout bass, an’s Du Loscht hues fir mol nees al Frënn erëmzegesinn, oder villeicht neier ze fannen, da meld Dech bei eis. Kontakt: carlo.kaufmann55@gmail.com