D’Biber sin déi jéngste Guiden a Scouten a riichte sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoër.
Bei den Biber wëlle mir de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do as, de Respekt fir deen aneren a fir d´Natur méi no bréngen. D´Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert gin a mir wëllen déi fir d´Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D´Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt gin, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d´selwecht sin, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hun. Wéi d´Biber an der Natur, léieren d´Kanner hiirt Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d´Schéinhete vun der Natur ouni awer d´Geforen ze ignoréieren.
Haaptelementer fir de Kanner den Alldag bei den Biber méi no ze bréngen sin Spiller, Bastelaktivitéiten, Ausflich an villes mei. Fir d’Kanner ze begréissen gett emmer mat engem Lidd ugefaang. Doropshin gin d’Kanner dann an d´Thema vun deem Daag agefouert. Duerch Bastelaktivitéit sollen d´Kanner hir egen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Et geet nët drëm, dass d´Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schafen. Villméi solle si hir Fähegketen ausprobéiere kënnen. Duerch d´Spiller kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.
D´Biber treffe sech Samsdes vun 10h-12h fir hir Biberversammlungen. An den Schoulvakanzen machen dann och Biber Vakanz an Versammlungen faalen aus. Niewt eisen regulairen Versammlungen, maachen Biber och alt Sortien, e Week-end vun enger Nuecht an dann den Héichpunkt vum Joër as emmer e Camp mat 3 Nuechten.