CaraPio as d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër.
D´CaraPio treffe sech eemol d´Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Et gëtt ganz vill Wäert drop geluecht dass se matbestëmmen kënnen, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten.Dofir ass hirt Engagement gefuerdert.
Wat mir erliewen?
Mir fänken e neit Joër mat der d´Montée un, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin.
Mir machen am Joër och Weekender zesummen. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as.
Wisou daat?
• Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
• Knëppe vun internationale Frëndschaften
• Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
• am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
• d´Natur a sénge Verschiddenheeten erliewen
Versammlung: Donnëschdes vun 19:00 – 21:00
am Scoutshome zu Duelem