Wien sin Duelemer Guiden a Scouten

 

 

Dat kanns de bei de Guiden a Scouten erliewen:

* flott Aktivitéiten am Fräien
* eegen Iddiën zesumme matt Frënn realiséieren
* villsäiteg Erfarunge maachen
* international Frëndschaft an Zesummenaarbecht erfueren
* dech do asetze wou et der Wäert as
* mat entscheeden

Wat äis wichteg as:

* jidder Eenzelnen eng Chance ginn
* eis Ëmwelt respektéieren
* sech fir Fridden a Gerechtegkeet asetzen
* all Beräicher vum Mënsch entwéckelen: Kierper, Geescht a Charakter
* harmonescht Zesummenlierwen
* Wäerter, déi weltwäit vun de Guiden a Scouten gedeelt ginn, wéi: Toleranz, Hëllefsbereetschaft, Solidaritéit…
* Haltungen ewéi: Engagement, Verantwortung iwwerhuelen, Suerg fir d’Ëmwelt droen, positiv Liewensastellung hunn…

Wéi mir schaffen:

* d’Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing)
* d’Spill an d’Aarbecht a klengen Equipen
* d’Liewen an der Natur
* den Asaz fir anerer
* d’Engagement, d’Matbestëmmung an d’Matverantwortung
* d’Andelung an Altersgruppen (Branchen)
* déi regelméisseg (am Duerchschnëtt )

Aktivitéiten:

– all Woch eng Versammlung
– reegelmeisseg e Weekend
– all Joer e Camp
5 Branchen:
* Biber 6-8 Joer (min. 1t Schouljoer)
* Wëllefcher 8-11 Joer
* AvEx (Aventure/Explorer) 11-14 Joer
* CaraPio (Caravelle/Pionéier) 14-17 Joer
* RaRo (Ranger/Rover) 17-23 Joer
* Albatrossen ab 23

Fir wien ?

Fir all Jongen a Meedecher tëscht dem Cycle 2.1. an 23 Joer. Erwuessener sin als Chef/Cheftaine oder Amical wëllkomm.
“Jongen a Meedecher kënnen an de Duelemer Guiden a Scouten opgeholl gin, ouni Ënnerscheed vu Rass, Relioun, Sprooch, Nationalitéit, vun hire kierperlechen an/oder geeschtege Fähegkeeten, vun hirem soziale Milieu.” (Statuten, Artikel 2.2).

Wéi mir organiséiert sin:

Duelemer Guiden a Scouten gehéiren dem Verband vun den LGS un.
Bei den LGS ginn et Meederchersgruppen, Jongegruppen a gemëscht Gruppen. Och Kanner a Jugendlecher mat enger Beanträchtegung kënne matmaachen.
Et ginn am Land 65 LGS-Gruppen mat 5500 Mêmberen. Si gehéieren zu de Weltorganisatioune vun de Guiden a vun de Scouten. De Scoutissem/Guidissem as weltwäit dee gréisste Jugendmouvement. E gouf vum Lord Robert Baden-Powell gegrënnt.
All Guiden- a Scoutsgrupp huet Cheftainen a Chefen, déi op fräiwëlleger Basis mat dene Jonke schaffen. Vu 16 Joer un kann ee Chef resp. Cheftaine ginn, nodeems een eng – vum Staat unerkannte Formatioun – matgemaach huet.
D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn, nieft hiren traditionnellen Guide-/Scoutaktiviéiten, staark an der Entwecklungshëllef engagéiert. Projetën an deem Beraich geschéien an Zesummenaarbecht matt der agrééierter ONGD „Guiden a Scouten fir ENG Welt“